Cynthia Photography

Cynthia Photography I love to capture the moment♥️

Léif Leit,Bis November sinn ech am Congé Parental a maachen offiziell keng Fotoen. Well ech mäin Hobby awer erweideren a...
06/06/2026

Léif Leit,

Bis November sinn ech am Congé Parental a maachen offiziell keng Fotoen. Well ech mäin Hobby awer erweideren an iech regelméisseg mat neie Fotoe begéinen wëll, proposéieren ech 1 gratis Shooting de Mount!

Ech benotzen dës Fotoen duerno fir op menge Social Media Kanäl ze posten ënner dem Motto: Rëm ranzeschaffen an Neies ausprobéieren! 😉

📅 Wéini fënnt et statt?
Méint: Juni, Juli, August, September an Oktober
Deeg: Entweder Mëttwochs moies oder Freides moies (aner Deeg sinn leider net méiglech).
Dauer: Plus-minus 15 bis 20 Minutten (Mini-Shooting).

Datumer déi fräi sinn:
☀️ Mëttwoch, 1. Juli – 09:30 Auer
🌻 Freideg, 7. August – 09:30 Auer
🍁 Mëttwoch, 23. September – 09:30 Auer
🍂 Freideg, 16. Oktober – 09:30 Auer

🎨 Wat kritt dir?
Dir kritt d'Fotoen vu mir an engem schéine, faarweg beaarbechte Layout zougeschéckt. Déi exakt Unzuel u Fotoe kucken ech dann spontan nom Shooting.
Wann dir Loscht hutt, da mellt iech gäre bei mir!

LG,
Cynthia

Ech ka kaum erwaarden, är Famill am November virun der Kamera ze hunn! Als klengen Virgeschmaach: Hei eng Foto vun menge...
02/05/2026

Ech ka kaum erwaarden, är Famill am November virun der Kamera ze hunn!
Als klengen Virgeschmaach: Hei eng Foto vun mengem klenge Bouf.

Een vu mengen leschten Shootinger befir ech an meng Babypaus gin💙 hei mol een Porträitshooting💕😍
17/11/2025

Een vu mengen leschten Shootinger befir ech an meng Babypaus gin💙 hei mol een Porträitshooting💕😍

24/10/2025

Et ginn nach e puer fräi Shooting-Plazen 📸, ier ech meng Babypaus ufänken 🍼💞 (vun Januar bis November 2026).
Wann Dir also nach gären e klenge Fotoshooting an der Natur hätt, elo ass nach eng gutt Geleeënheet! 🌿
📅 Fräi Datumer zu Schëffleng:

• Samschden, 15. November 2025 – 10:00 (10:30 ass scho gebucht)
• Sonnden, 7. Dezember 2025 – 10:00 oder 10:30
• Sonnden, 21. Dezember 2025 – 10:00 oder 10:30
D’Shootinger fannen dobaussen an der Natur statt, ideal fir Kanner, Koppelen, Schwangerschaften oder Famillen 💕
Dir dierft gären Accessoire´s oder kleng Erënnerungen matbréngen, fir d’Fotoen nach méi perséinlech ze maachen.
💰 Präis: 15 € pro Foto (Mindestabnahm 10 Fotoen = 150 €) (insgesamt 20 FOTOEN!)
All gewielte Foto gëtt a Faarf an a schwaarz-wäiss bearbecht.
🎁 Wann ech e puer Fotoen däerf posten, kritt Dir eng Foto gratis!
1–2 Deeg nom Shooting kritt Dir Är Online-Galerie, aus där Dir Är Lieblingsfotoe auswiele kënnt.
🌧️ Bei Reen oder schlechtem Wieder gëtt de Rendez-vous ofgesot.
Ech freeë mech immens op déi lescht flott Shootinger mat Iech,
éier eng nei, spannend Zäit ufänkt 💕
Mat vill Léift,
Cynthia

28/09/2025

Moien 🥰

Ech hunn nach e puer Méiglechkeeten fir MiniShootinger (30 Minutten) am Oktober:
• 3/10 um 16:30
• 17/10 um 16:30
• 19/10 um 10:30 (fort‼️
• 25/10 um 10:00
• 26/10 um 10:00

D’Shootinger wäerten bei den Terres Rouges zu Schëffleng sinn, do ass den Hierscht ëmmer richteg schéin 🍂📸

Bei Interesse gär eng PN maan!

10/09/2025

Moien🥰

Ech hunn nach puer spontan Plaatzen am September fräi souwuel Moies, wei Mettes an och mol Owes 🤗mellt iech gaer fir ee Shooting💕🍁🥮🍂

01/09/2025

Den Samsden den 6/09 nach 1 RDV um 9:45 zu Suessem beim Schlass fräi. Denkt drun:) ech schenken nach soulang ‚Vakanz ass 2 Fotoen zousätzlech dobäi.🙂 bei Interesse gaer eng PN maan

24/08/2025

Léif Follower,

Ech wollt iech matdeelen dass bei mir e klenge Mënsch am Bauch wiist 👶🏼an ech dofir eng BabyPaus maan vun Januar 2026 - November 2026. 🙃

Natiirlech sinn ech virdrun & dono rem ganz disponibel fir Fotoen🌺

Merci fir d‘Verständnis. 🥰

23/08/2025

Moien🥰

Ech hunn den Donnechten nach eng Plaatz um 16:30 oder 17:30 zu Suessem beim Schlass fräi. Gären eng PN maan bei Interesse. ( wann et reent gëtt verluecht )

Adresse

Bergem

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Cynthia Photography publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager